
Maischi Tibesart - Coaching & Familljeberodung zu Lëtzebuerg
Nodeems ech zu Dräibuer am Centre socio-éducatif de l’État mat de Jugendleche gekacht hunn, e Buttek mat Holze Spillsaachen opgemaach hunn, hunn ech mech am Alter vun 42 Joer op der Uni.lu ageschriwwen. En Diplom als Assistante sociale & Master am Management a Coaching an der Educatioun an am Sozialwiesen op der Uni.lu hu mech glécklech gemaach.Niewent der Publikatioun vu mengem Kachbuch „E Maufel Lëtzebuerg“ schaffen ech als fräi Familljeberoderin a fille mech mat menge villen Zousazformatioune kompetent a menger Beruffung.
Zesumme kachen, zesummen iessen – am klenge Krees, mat Familljememberen oder Frënn – ass a bleift e flotte Moment, dee sech als Erënnerung festegt.
Hei fannen sech all d’Parallelen zu mengem neie Beruff: Zesumme kachen oder sech ze begéine fir e Gespréich, huet als Zil, e gudde Moment ze hunn – eppes erschafen, wouraus nei Iddien, nei Rezepter, respektiv nei Perspektiven entstinn…
Ech ënnerstëtzen Iech bei
Erzéiungsfroen
schwieregen Familljesituatiounen
Konflikter an der Koppel
Der Sich no Orientéierung a Stabilisatioun
Grenziwwerschreidungen
Ängschten
Mobbing
Burnout an Depressioun
a nach villes méi
Meng Schwéierpunkten
systeemesch Familljentherapie
HSI Heidelberg
systeemesch Kanner- a Jugendlechentherapie
HSI Heidelberg
gewaltfräi Kommunikatioun
Marshall Rosenberg
Bindungstheorie
Beim Prof. Dr. K. H. Brisch
Kognitiv Verhalenstheorie
Traumasensible Coaching
SySt Institut, München
Kuerzzäittherapie
SySt Institut, München
Dialectical behavior therapy (DBT)
Formation interne, CHNP